Klangkarussell

Wat mir iech hei bidden ass keng einfach Visitt duerch de Musée! Nee! Et ass ee Klangkarussell. Erzielunge versetzen iech an eng aner Welt. D’Welt vun de Faarwen an de Geschichten hannert de Biller. Dir musst kucken a gutt lauschteren fir net vum Klangkarussell ze falen.

Eng Coproductioun tëscht dem Collectif Dadofonic, der Fondation EME an der Villa Vauban. Geschichte goufe geschriwwen zesumme mat Schüler aus dem Centre de Logopédie.