Programmation Zoom In: De Jean-Pierre Pescatore (1793-1855): en (on)typesche Representant vun der Bourgeoisie

Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger bis haut, de Jean-Pierre Pescatore, hat a villerlee Hisiicht en aussergewéinlecht Liewen. Als Geschäftsmann, Bankier, Sammler a Mäzen ass hien zwar en typesche Vertrieder vun der héijer Bourgeoisie, wéinst sengem nonkonformistesche Privatliewen geréit hien awer a Konflikt mat de sozialen a moraleschen Norme vu senger Zäit. Ob a wéi dem Jean-Pierre Pescatore säi Beruffs-, Privat- a Familljeliewen de Krittäre vun de gesellschaftlechen Elitten am 19. Joerhonnert entsprécht oder dogéint verstéisst, soll an dëser Konferenz thematiséiert ginn.

La conférence aura lieu au Cercle Cité!