Date de l'événement

1 octobre

Heure

18h00

Langue(s)

L

Vum Enn vum 19. Joerhonnert bis zum 2. Weltkrich si vill Lëtzebuerger Meedercher op Bréissel oder Paräis an den Déngscht gaangen. Si stinn am Mëttelpunkt vun der Konferenz, déi op eng Rei vu Froen ageet, déi de Parcours vun den Déngschtmeedercher charakteriséieren an déi deemools oft kontrovers diskutéiert goufen. Wéi huet een eng Plaz fonnt a wouran huet d’Aarbecht bestanen? Wat huet en Déngschtmeedche verdéngt? Wéi huet seng Fräizäit ausgesinn a wéi ass et iwwert d’Ronne komm, wann et krank gouf oder seng Plaz verluer huet? War et fäeg, sech erëm an d’Duerfgemeinschaft ze integréieren, wann et heem komm ass?
D’Liewen am Déngscht zu Bréissel oder Paräis gëtt veranschaulecht duerch Bréiwer vun Déngschtmeedercher, Zeitungsartikelen a literaresch Texter, déi vum Christiane Rausch gelies ginn.

La conférence aura lieu au Cercle Cité!

Durée

1:00

Intervenant

Germaine Goetzinger & Christiane Rausch

Inscription

Inscription obligatoire
visites@2musées.vdl.lu