Langue(s)

L

Bal keen anert Motiv ass esou zentral am Wierk vum Lovis Corinth wéi den Akt, e gouf reegelrecht zu sengem Markenzeechen. No sengem ganz traditionellen Aktstudium an der Académie Julian zu Paräis entwéckelt sech de Corinth ewech vun der akademescher, staark idealiséierter Aart a Weis ze molen. Hien orientéiert sech um wierkleche Liewen. Seng Kierpere bësti ganz aus Mass, Fleesch a Faarwen. Ëm 1900 huet de Kënschtler nei Duerstellungsméiglechkeeten entwéckelt, déi schockéiert hunn. Dobäi ass de Corinth awer net eleng: An der ‘Münchener Secession’ gett 1898 dem Max Slevogt säi Bild „Danaë“ refuséiert, an nëmmen zwee Joer duerno gëtt dem Corinth seng „Salome“ zréckgewisen. Wat genee un dene Biller esou innovativ a gläichzäiteg skandaléis war, dat gitt Dir an dëser Konferenz gewuer!

Durée

1:00

Intervenant

Maité Schenten,Conservateur adjoint à la Villa Vauban

Prix

Gratuit

Inscription

Réservation obligatoire