Date de l'événement

25 septembre

Heure

18h00

Langue(s)

LU

Participants max.

40

50 Joer leien tëschent dem Besuch vum englesche Moler William Pars (1742–1782), zesumme mam Papp vum spéidere Premierminister Lord Palmerston, am Joer 1774 bei der Igeler Sail – déi deemools nach zu Lëtzebuerg gehéiert huet – an dem éischte Passage vum bekannte Moler J.M.W. Turner (1775–1851) an der Festung Lëtzebuerg 1824. Den Turner huet op der Plaz nëmme Bläistëftzeechnungen an engem klenge Carnet festgehal, och fir net als Spioun opzefalen. Zeréck zu London huet hien dunn a sengem Atelier wonnerbar Aquarellen op bloe Pabeier gemoolt, déi fir een héichwäertege Reesguide gravéiert sollte ginn. Fir dëse Projet konnt hie sech och op d’Experienz vu sengem zweete Besuch zu Lëtzebuerg am Joer 1839 stäipen, nodeem d’Lëtzebuerger Onofhängegkeet duerch de Londoner Vertrag méi sécher gi war.

William Pars (1742–1782), A Roman Monument at Igel in the Dutchy of Luxemburg, 1770, aquarelle et encre sur papier © Tate, photo : Tate

Durée

1:30

Intervenant

Jean-Claude Muller, Kulturhistoriker

Prix

Gratuit

Inscription

Réservation obligatoire
T +352 4796 4900
visites@2musees.vdl.lu