Participants max.

20

*** L'atelier est annulé! ***

E Workshop fir Sammler an Amateurs d’Art

Am Kader vun der Ausstellung Bienvenue à la Villa! (2) stellt dëse Workshop d’Grondlage vun der Konversatioun vu gemoolten, gezeechenten oder gedréckten Wierker an den Fokus. D’Manipulatioun, den Encadrement, den Accrochage wéi och d’Lagerung, des sinn d’Grondlagen fir Wierker richteg ze schützen an ze konservéieren – den Respekt dovunner kann preventiv eng Restauratioun verhënneren.

De Bléck vun dësem Workshop riicht sech op Tableauen (op Toile, Panneau oder Kartong) wéi och op grafesch Dokumenter. Den Participant kritt praktesch Tipps fir doheem an kann seng Froen direkt un d’Restauratrice stellen. Fir konkret Froen an Rotschléi kennen Fotoen vu Wierker matbruecht ginn.

D’Claire Merenz ass diploméiert Restauratrice, déi sech op d’Konservéieren an d’Restauratioun vun Tableauen op Staffeleien spezialiséiert huet.

Public: Adultes

© Claire Merenz

Durée

2:00

Intervenant

Claire Merenz

Prix

10€

Inscription

T +352 4796 4900,
visites@2musees.vdl.lu